"Mir geet et sou gutt, wéi scho laang net méi. Ech sinn einfach frou a weess och mëttlerweil, wéi wichteg et ass gutt Frënn ze hunn, hei zu Lëtzebuerg, an zu Wien, do wou ech studéieren", seet de radio 100,7 fräie Mataarbechter. Zanter 2019 schafft hie reegelméisseg an de Vakanzen hei um Radio. A senger Fräizäit fiert hie mam Vëlo, boxt a spillt Musek, üübt sech am Bossa Nova an am Rock. Fir dëse Summer huet de Student, dee Sozio-Ökonomie studéiert, immens vill positiv Vibes am Gepäck.
Säi Summer Wonschlidd: "Poem You" vu Fiddlehead
Eng Serie vum Angie Maquil