Eng ganz Rei vun Episoden huet de Philosoph Lukas Held ënner dem Numm "Seismograph" hei um radio 100,7 iwwer déi leschte Méint realiséiert, dat ëmmer donneschdes mueres géint 9:40 Auer.
Och fir déi nei Saison ginn et philosophesch Iwwerleeunge mam Lukas Held, just op engem anere Creneau: donneschdes géint 11:30 Auer, vum 15. September 2022 un.
Philosophie verständlech an zougänglech fir Jiddweree maachen, ass ee vun den Objektiver vum Philosoph Lukas Held, dee vill liest, gäre mam Vëlo fiert a Yoga mécht, fir de Rescht e "Sportmuffel" ass, wéi hie selwer seet. Elo an der Summervakanz geet et nach mam Vëlo vun Hamburg an Dänemark.
Säi Summerwonschlidd: "Pais Nublado" vum Helado Negro
Eng Serie vum Angie Maquil