D'Julie Sauerwein huet sech schonn ëmmer fir Sproochen a Literatur intresséiert a well d'Stad Wien hir esou gutt gefält, war et séier kloer, wou a wat si studéiere géif: Vergleichende Literaturwissenschaft.
Si ka stonnelaang a Bibliothéike sinn an ass och Member vu Jonk BAD, der Associatioun vun de jonke Lëtzebuerger Bibliothekären, Archivisten an Dokumentalisten.
Elo iwwer de Summer ass d'Julie eng vun eise Student:innen hei um radio 100,7 an ass begeeschtert am Archiv vum Radio ze moschteren. Iwwer dës Recherchen am Archive, iwwer Bicher liesen an heekelen, an eng geplangte Rees an Thailand, verzielt si eis.
Hiert Summerwonschlidd:" Vengo Dalla Luna" vu Måneskin
Eng Serie vum Angie Maquil