De Maacher Jong sengt scho vu Klengem un, ugefaangen am beléifte Kannerchouer Muselfénkelcher, deen 1976 vum Georges Urwald sengen Eltere gegrënnt gouf. Haut dirigéiert hie seng eegen Ensembelen, huet sëllege Musek- an Theater-Projeten realiséiert an den Stued Theater gegrënnt. Besonnesch dei Lëtzbuerger Lidder- a Musek-Kultur leien him um Häerz. Nieft der Musek weist hie sech och ganz gär privat als Handwierker, a vläicht geet et och eng Kéier méi an d'Kiche fir ze kachen, mee souwäit ass et nach net. Fir de Summer ass et dëst Joer mam Vëlo an d'Vakanz gaangen, wann och bëssi anescht wéi geplangt.
Säi Summerwonschlidd: "Summertime" vum Herbie Hancock
Eng Serie vum Angie Maquil