"In the Mood" ass dem Glenn Miller seng wuel bekanntste Melodie, déi zur Hymne gouf fir déi d'amerikanesch Zaldoten am Zweete Weltkrich ze motivéieren an hinne Mutt ze maachen. Esou gouf de Glenn Miller an Uniform och zu engem Sënnbild vum kommerziellen amerikaneschen Big-Band-Jazz, bis hien am Dezember 1944 op mysteriéis Aart a Weis an engem Vol vu London op Paräis mam ganze Fliger verschwënnt.
Den Thelonious Monk schreift "Round Midnight", wat dat Joer och fir d'éischt vum Cootie Williams opgeholl gëtt.
De Lew Soloff ass d'Gebuertsdagskand, a mir lauschteren an e fulminanten Trompette-Solo iwwer "Take the A-Train" eran.
Presentéiert vum Pit Dahm a Pol Belardi.