Datt och eng Big Band am neie Millenium kann ongeheiert Kläng produzéieren, dat weist den Darcy James Argue mat senger Secret Society um Album "Infernal Machines". Duerch vill Doublings erweidert hien d'Soundpalett vu sengem Orchester a weist esou, datt de Genre nach ëmmer lieweg ass.
De Chris Potter manifestéiert sech weider als Gigant um Tenorsaxofon op senger Plack "Ultrahang", a mam Gitarrist an Erfinder vun der legendärer Gittar Les Paul, déi bis haut nieft den Instrumenter am Haus Fender déi gréisste Renommée huet, verscheet och ee grousse Museker.
Presentéiert vum Pit Dahm a Pol Belardi.