Mam Vijay Iyer erobert ee Pianist d'Jazzbühnen, dee mat sénger suwuel wëssenschaftlecher wéi awer gläichzäiteg organescher Approche zur Musék ze begeeschtere weess. De confirméierte Gittarist Pat Metheny vollbréngt an enker Kollaboratioun mat sénge Matmuséker Lyle Mays a Steve Rodby souwéi jonken Talenter e kompositorescht Meeschterwierk mat "The Way Up", a mam Jimmy Smith verscheed ee wichtege Vertrieder vun der Hammond-Uergel. Présentéiert vum Pit Dahm a Pol Belardi
arrow_back_ios
The Jazz Chronicles
D'Joer 2005
headphones
12 min
Lauschteren
play_arrow