Datt déi bis dohi scho confirméiert an etabléiert Museker 1998 och nach ëmmer frësch kënne kléngen, beweist de Gary Burton op senger Plack "Like Minds": eng handverliesen All-Star-Band mat Chick Corea, Dave Holland, Pat Metheny a Roy Haynes.
De Joshua Redman festegt seng Plaz als wichtegen Tenor-Saxofonist, mat der Sacha Berliner gëtt eng Vibrafonistin gebuer, déi grad rezent hir Emprunten an der New Yorker Jazz-Zeen hannerléisst, a mam Frank Sinatra alias Mr. Blue Eyes verscheet eng Legend.
Presentéiert vum Pit Dahm a Pol Belardi.