Den éischten International Jazz Day fënnt den 30. Abrëll 2012 statt.
Den ikonesche Sänger Theo Bleckmann bréngt en Hommage un d'Kate Bush eraus.
De Pianist Vijay Iyer released den Album "Accelerando" um Label Act, op deem hie verschidde mathematesch Prinzippien an der Musek weiderféiert, esou zum Beispill säin "Trixation"-System, wou hien hei Human Nature vum Michael Jackson deementspriechend ausleet.
Deem vill ze jonk verstuerwene Pianist Austin Peralta, esou wéi dem Dave Brubeck, erweisen de Pit Dahm a Pol Belardi och d'Éier.