De Groussmeeschter Wayne Shorter bréngt en Album eraus, deen och eng philosophesch Iddi an e Rot un d'Nowelt duerstellt: "Without a Net" beschreift eng Aart a Weis, ouni Récksiicht op Verloschter op d'Bün ze trieden.
De Pianist Craig Taborn festegt säin Image als kreative Kapp a fënnt ee formidabele Wee tëschent Emotioun a Konzept, an dat um Label ECM.
Den Darcy James Argue bréngt en zweete moderne Big Band Album eraus a mécht op en Neits de Public paff.
Den Trompettist Donald Byrd an de Kontrabassist Butch Warren verscheeden, si hunn dacks zesummegespillt.
Presentéiert vum Pit Dahm a Pol Belardi.