Mam Davie Bowie verléisst ee ganz groussen aus der Pop-Museksgeschicht d'Weltbün. Op der leschter Plack "Blackstar" spillt eng illuster Selectioun vun Jazz-Museker, an déi Erfarung hannerléisst hir Spueren.
Den Donny McCaslin ass ee vun deene Museker a bréngt sengersäits "Beyond Now" eraus, en Album als Hommage un de Bowie.
De Schwäizer Pianist a Komponist Nik Bärtsch erschaaft minimalistesch Klangwelten op sengem Album "Continuum".
De Robert Glasper bréngt en Album eraus, op deem hie "Speeches" vum Miles Davis benotzt an och seng Musek revisitéiert.
An de belschen Jazz-Nationalled Toots Thielemans verscheet.
Presentéiert vum Pit Dahm a Pol Belardi.