Och nach e puer Joer no der Katastroph, déi zu New Orleans duerch den Hurrikane Katrina verursaacht gouf, asa de Schock nach net verdaut an et ass ee wäit ewech vun der Normalitéit. Solidaresch Museker maachen alles fir ze hëllefen. Net nëmme finanziell, mee och andeems si hoffnungsvoll Albumen erausbréngen, déi d'positiv Mentalitéit stäerken, esou wéi de jonken Trompettist Christian Scott.
De Pat Metheny an de Brad Mehldau bréngen en zweete gemeinsamen Album mam Fokus op d'Quartett-Besetzung eraus.
De Michael Brecker hëlt säi leschten Album "Pilgrimage" op, a souwuel hien, wéi den Oscar Peterson, verloossen d'Bün fir ëmmer.
Presentéiert vum Pit Dahm a Pol Belardi.