Datt den Herbie Hancock och am neie Millenium nach hip ass an eng Virreiderroll iwwerhëlt, beweist hie mat "Future 2 Future", enger erneierter Kollaboratioun mam Produzent Bill Laswell, deen och schonn 1983 fir "Future Shock", mam Hit "Rockit", verantwortlech war.
De Michael Brecker weist sech vu senger zaarter Säit um wonnerbare Balladen-Album "Nearness of You", an den Joe Henderson verléisst d'Bün fir emmer.
Presentéiert vum Pit Dahm a Pol Belardi.