Wéi den Herbie Hancock am Joer 2001 weist och 2002 de Wayne Shorter, datt hien nach net zum alen Eise gehéiert. Hie bréngt den éischte feirege Live-Album vu senger Karriär eraus, an dat mat sengem energesche Quartett mam Danilo Perez, dem John Pattitucci an dem Brian Blade.
Den Dave Holland iwwerzeegt mat enger genialer Big Band, déi ronderëm säin übleche Quintett wiisst, a mir gedenken dem Ray Brown, deen de Kontrabass am Jazz matdefinéiert, esou wéi dem Lionel Hampton, engem Vibrafon-Grënner. Presentéiert vum Pit Dahm a Pol Belardi.