Den Esbjörn Svensson definéiert mat senger Band de Stil vum Pianostrio nei a stellt d'Weiche fir nei Sounds a Méiglechkeeten an dësem Format, déi an den 2000er weider wäerten ausgebaut ginn.
Den Dave Weckl ass net nëmme wéinst sengem Batteries-Buch bekannt, mee huet souwuel als Sideman vum Chick Corea a mat senger eegener Band bewisen, datt extreem gutt gespillte Fusion seng Plaz an der Musekswelt huet.
De Keith Jarrett huet wéinst Krankheet méi eng schwéier Phas, an de Milt Jackson verléisst d'Bün fir ëmmer.
Presentéiert vum Pit Dahm a Pol Belardi.