De Pat Metheny bréngt mat "One Quiet Night" en introvertéierte, wonnerschéine Bariton-Gittar-Solo-Album eraus.
Mat The Bad Plus taucht ee weidere Power-Piano-Trio op, deen an der Liga vum Esbjörn Svensson Trio spillt, awer mat e bësse méi rockegen an energeeteschen Téin. Virun allem hir dekonstruktivistesch "Covere" vun Nirvana bis Aphex Twin komme beim Public gutt un.
Den Jason Moran bréngt mat "Bandwagon" ee formidabele Live Album fir Blue Note eraus, an d'Nina Simone verléisst eis.
Presentéiert vum Pit Dahm a Pol Belardi.