Am neie Millennium goung weder d'Welt ënner, nach den Jazz. En ass esou opreegend wéi ni virdrun. Tëschent Réckbesënnung op Traditioun an innovativen neien Iddie beweegt sech eng jonk Generatioun vun hippen Jazzcats zu deene méi gestane Leit wéi de Branford Marsalis, deen dat Joer quasi als Uso "Contemporary Jazz" erausbréngt.
Den Charles Lloyd huet eng wonnerbar Band mat ënner anerem dem Brad Mehldau um Piano fir seng ECM Produktioun "The Water is Wide", an den Gene Harris verscheet.
Presentéiert vum Pit Dahm a Pol Belardi.