Snarky Puppy fëllen antëschent riseg Concertssäll. Eng Success Story sonnergläichen, déi awer nëmme mat haarder Aarbecht vun alle Membere ronderëm de Leader a Bassist Michael League méiglech war.
E Groove-Kraaftwierk, dat Tower-of-Power-aartege Bléiser, Hip-Hop-Beats a wonnerschéine Melodië mat virtuosen Improvisatioune verbënnt. Si krute kierzlech hiren éischte Grammy an hunn 2014 mat hirem Live am Studio (mat Public) agespillten Album "We Like it Here" d'Leit begeeschtert.
Dat maachen och den Ambrose Akinmusire mat engem neien Album esou wéi de Mark Turner mat Musek ouni Harmonieinstrument op ECM.
De Pianist a Komponist Horace Silver verscheet.
Presentéiert vum Pit Dahm a Pol Belardi.