Mam Aaron Parks trëtt en neie jonken Jazzpianist op de Plang, deen engersäits der Traditioun trei ass an awer nei Weeër geet. Besonnesch seng raffinéiert Kompositiounen a säin organesche Phrasé iwwerzeegen.
De Roy Hargrove bréngt mat "Earfood" ee wonnerbaren Album eraus, op deem och säi wuel bekanntst Wierk "Strasbourg St. Denis" drop ass.
De Pianist an Trio-Innovator Esbjörn Svensson kënnt tragesch a vill ze fréi bei engem Tauch-Accident ëm d'Liewen, léisst awer posthum nach den Album "Leucocyte" fir d'Jazzwelt.
Mam Freddie Hubbard stierft en ikoneschen Trompettist.
Presentéiert vum Pit Dahm a Pol Belardi.