Ëmmer méi vun de wichtegen Jazzmuseker aus dem Early Jazz an der Swing Ära verscheeden, esou zum Beispill de Ben Webster, Willie "The Lion" Smith, Kid Ory oder Gene Krupa. An hir Plaz triede jonk kreativ Käpp wéi den Herbie Hancock, deen 1973 gläich zwee Albumen ophëlt: "Sextant" an "Headhunters". Dësen Album packt et an d'Billboard Charts an zielt zu sengen erfollegräichste Releasen. Den Norman Granz grënnt säi Label "Pablo" a featured en Joe Pass Solo-Album, an de Stefon Harris erbléckt d'Liicht vun der Welt.
Presentéiert vum Pol Belardi am Gespréich mam Philippe Hansen