Den Alain Welter ass bekannt ënner sengem Pseudonym "De Moler vu Koler". Mueres wëllt hie sech net stressen a steet dofir esouguer éischter op. A senger Kandheet souze Sonndegmueres och seng Grousseltere mat um Kaffisdësch.
arrow_back_ios
Wat leeft op dengem Sonndeg?
Wat leeft op dengem Sonndeg, Alain Welter?
headphones
23 min
Lauschteren
play_arrow

Episoden

Wat leeft op dengem Sonndeg, Lola Valerius?
Si huet Architektur studéiert, mee scho wärend dem Studium huet si hir Léift fir Desserten an d'Handwierk entdeckt. Elo huet si hiert eegent Geschäft.

Wat leeft op ärem Sonndeg, Martina a Kiko Menichetti?
Si si Geschwëster, sangen, spille verschidden Instrumenter a stinn Allenzwee zanter hirer Kandheet op der Bün. Konkurrenz kenne si zwee net.

Wat leeft op dengem Sonndeg, Sam Flammang?
Säi perfekte Weekend géif de Fotograf gäre virun enger grousser Bün mat enger vu senge Liiblingsbands verbréngen - oder eleng an enger schéiner Landschaft.

Wat leeft op dengem Sonndeg, Narmina Pasqualoni?
Si huet viru Kuerzem e Buch geschriwwen, an et och selwer editéiert. Dora geet et ëm eng Mamm, déi hirer Duechter Bréiwer fir d'Zukunft schreift.

Wat leeft op dengem Sonndeg, Jacques Schmitz?
Zanter siwe Joer ass de Jacques Schmitz fräischaffende Kënschtler. Obwuel et deelweis vill Drock gëtt, kéint hie sech näischt anescht virstellen.

Wat leeft op dengem Sonndeg, Laurence Duhr?
Si ass Wënzerin an Naturerliefnisbegleederin an der Ausbildung. Hir grouss Passioun sinn awer hir Clown-Optrëtter. Eng rout Nues dierf net feelen.

Wat leeft op dengem Sonndeg Sascha Di Giambattista?
De fräischaffende Kënschtler huet den Ament eng Phase, an där hie ganz gären an der Nuecht schafft. Hien ass immens villsäiteg a probéiert gär nei Saachen aus.

Wat leeft op dengem Sonndeg, Lynn Theisen?
Dat lescht Joer huet d'Fotografin, zesumme mat der Make-Up Artistin Valentina Becker en eegene Produktiounsstudio opgemaach. De Weekend tankt d'Lynn Theisen nei Kraaft.

Wat leeft op dengem Sonndeg, Simone Mortini?
D'Educatiounswëssenschaftlerin drénkt ganz gäre Kaffi. Op hirem Aarm ass esouguer eng Mokka Kan tätowéiert. Rieds geet awer iwwer Kannerbicher.

Wat leeft op dengem Sonndeg, Luca De Michele?
De Make Up Artist huet esou e spannende Beruff, datt mir ganz vergiess hunn iwwer säi Sonndeg ze schwätzen. Vläicht ass dat awer och net schlëmm.

Wat leeft op dengem Sonndeg, Jonn Häppi?
De Marc Strasser begeeschtert a senger Roll vum talentéierten awer och schusselegen Jonn Happi säi Publikum. Fir an den Dag ze starte brauch hie kee Moiesiessen.

Wat leeft op dengem Sonndeg, Pol Belardi?
En typesche Sonndeg gëtt et eigentlech fir e Museker net, seet de Pol Belardi. Dofir léisst den Jazz-Museker et méindes gär gemittlech ugoen.

Wat leeft op dengem Sonndeg, Sarah Diederich?
Déi jonk Lëtzebuergerin schafft a wunnt zu Tübingen a mécht do Stand up Comedy. Dat ass en Handwierk, dat ee léiere kann, seet d'Sarah Diederich.

Wat leeft op dengem Sonndeg, Kevin Risch?
Als Brebo mécht hien däitsche Rap. An dem Kevin Risch sengen Texter geet et ëm Léift, Depressiounen a Panikattacken, awer och ëm Hoffnung an de Glawen u sech selwer.

Wat leeft op dengem Sonndeg, Daniel Migliosi?
Den Jazz-Trompettist wunnt a studéiert zu Köln. De Weekend spillt hien dacks mol Concerten oder kënnt seng Frënn a Famill zu Lëtzebuerg besichen.

Wat leeft op dengem Sonndeg Natascha Bisbis?
Op hirem Weekend maachen d'Natascha Bisbis an hir zwou Duechtere gäre mol e Pyjamadag. Meeschtens sinn d'Deeg fir hir Famill reservéiert.

Wat leeft op dengem Sonndeg, Tania Traversini?
De Weekend probéiert sech d'Fotografin fir hir Famill fräizehalen. Heiansdo kënnt et dann och vir, datt si vun hiren zwee Kanner d'Moiesesse preparéiert kritt.

Wat leeft op dengem Sonndeg, Gina Árvai?
D'Poetry Slammerin drénkt gär vill, mee och gudden a qualitativ héichwäertege Kaffi. Si ass begeeschtert vun deene verschiddene Goûte vun de Kaffisbounen.

Wat leeft op dengem Sonndeg, Michel Meis?
De Batteur drénkt säi Kaffi gäre schwaarz. Den Ament verbréngt de Michel Meis seng Weekender mat renovéieren a spachtelen.
