Als Clown-Pädagogin zaubert d'Laurence Duhr Kanner, eelere Leit an Altersheemer oder Persoune mat Behënnerung e Laachen op d'Gesiicht. Wa si hir rout Nues ("die kleinste Maske der Welt") undeet, verwandelt si sech an d'Kandirella, en tolpateschegen mee immens léiwe Clown.
"All Mënsch huet e Clown a sech", seet si an et geet dorëms fir sech selwer dee richtege Charakter ze fannen. An der Clownen-Ausbildung kritt een d'Richtlinne virginn, wéi een als Clown richteg schafft.
D'Laurence Duhr benotzt intuitiv Instrumenter a séngt als Kandirella ganz dacks, well si esou en Zougank zu hirem Publikum fënnt. Bei eelere Leit mat Demenz zum Beispill passt si hir Lidder un a séngt éischter al Vollekslidder. Bei Refugiéskanner benotzt si de Gromolo, eng Fantasiesprooch vun de Clownen. Hire Programm ass ni Standard, mee gëtt ëmmer un déi jeeweileg Situatioun ugepasst.