Wärend hirem Studium an der Architektur huet d'Lola Valerius gemierkt, datt si eigentlech eppes ganz anescht wéilt maachen. Elo huet d'Chocolatière hiert eegent Geschäft zu Esch/Uelzecht.
Wa si eng Knippche misst kreéieren, déi de perfekte Weekend géif erëm spigelen, wier dat eng Kombinatioun vun e puer Goûten. Fir Mammendag hat d'Chocolatière emol eng Serie "Breakfast in bed" gemaach. Eigentlech wier dat fir si déi perfekt Weekendknippchen. Sonndes ass den Dag, op deem si sech fräi hält, fir näischt ze maachen a gär doheem ass. Hiert Lidd ass genee dat: