De Make Up Artist war dëst Joer déi éischte Kéier op der Fashion Week zu Paräis an huet an engem Team vu Make Up Artiste fir Dior geschafft. "Dat war eng immens Erfarung," seet de Luca De Michele.
Als Mann géif hien ëmmer nach heiansdo komesch ugekuckt oder ugeschwat ginn, wann hien aner Leit schminkt oder vu senger Passioun erzielt. "Komesch, datt dat haut ëmmer nach esou ass." Make Up kennt keng Geschlechter an och keen Alter. Diversitéit ass dem Luca De Michele genee esou wichteg, wéi de Fait, datt seng Produiten net aus déieresche Produite bestinn, respektiv un Déiere getest goufen. Op der Fashion Week zu New York wier him bewosst ginn, wéi ënnerschiddlech Modele kënne sinn, an et wier schued, datt haut ëmmer nach ganz wéineg eeler Modele géife gebucht ginn. Zu New York wier de Wandel awer schonn do, an dat wier immens schéin, esou de Luca De Michele.
Säi Beruff ass esou spannend, datt mir ganz vergiess hunn iwwer säin typesche Sonndeg ze schwätzen, wann et esou een dann iwwerhaapt gëtt. Musek huet hien trotzdeem matbruecht an dat direkt vun zwee Lëtzebuerger Kënschtler: Mam Chaild an Edsun schafft hien ëmmer nees zesummen. Si loossen him d'Fräiheet kreativ ze sinn.
Edsun - Carter
Chaild - Close to you