Als Brebo mécht hien däitsche Rap. Wann hie Musek mécht, kann de Kevin Risch ganz sech selwer sinn. Säi Publikum besteet aus Schüler:innen a jonken Erwuessener, déi sech, wéi hie selwer seet, mat sengen Texter identifizéiere kënnen.
De Kevin Risch rappt dowéinst och ganz éierlech iwwer (toxesch) Léift, Depressiounen a Panikattacken awer och ëm Hoffnung an de Glawen u sech selwer. De Glawe spillt och a sengem eegene Liewen eng grouss Roll.
Weekends steet hie genee esou fréi op wéi an der Woch an do dierf och e Mueresiessen net feelen: Am Léifsten ësst hien Haferflacke mat Proteinpolver a Cornflakes. Säi Lidd, mat deem hien d'SonndesBox matgestalt, kënnt vu Samra x Sido an heescht "Ich liebe dich".