De fräischaffende Kënschtler ass immens villsäiteg a fäert net nei Aufgaben unzehuelen. Den Ament schafft hie gären an der Nuecht. Kënschtler sinn ass keen "Nine to Five"-Job, bei deem een op Knappdrock funktionéiert. D'Iddië kommen, wéi se kommen.
Seng eege Konscht kann een um Augenschmaus Creators Market gesinn, deen de 4. Juni am Schluechthaus zu Hollerech ass. Et ass schonn déi 7. Editioun vum Konschtmarché, bei deem net just Biller ausgestallt ginn, mee d'Kënschtler:innen en eegene Stand hunn. "Dat mécht direkt en anert Gefill." Fir dës Editioun, déi am Kader vum European Design Festival ass, kruten déi dräi Organisateur:innen ëm déi 155 Kandidaturen erageschéckt. Et wier net liicht, do de Choix ze maachen. Um Enn goufen eng 70 Kënschtler:innen ausgewielt, déi beim Augenschmaus kënne matmaachen.
Dem Sascha Di Giambattista säi Musekchoix:
An: