Den Jazz-Trompettist wunnt a studéiert zu Köln. De Weekend spillt hien dacks mol Concerten oder kënnt seng Frënn a Famill zu Lëtzebuerg besichen.
Hien huet grad emol 18 Joer an ass scho virun zwee Joer op Köln geplënnert. Seng Première mécht hien iwwert den EBac. Donieft ass den Daniel Migliosi Jungstudent op der Universitéit, hie kann un all de Coursen deelhuelen a kritt och d'Punkten dofir ugerechent. Den Ënnerscheed zu Bachelorstudenten ass, datt seng Coursen net obligatoresch sinn.
Lescht Joer koum säin éischten Album "Left On Scene" vu senger Band Daniel Migliosi Sextet eraus.
Den Daniel Migliosi huet eng eege Sonndesplaylist, "do ass och Musek dobäi, déi een net onbedéngt géif vun engem Jazz-Museker erwaarden". Dorënner Indie, R'n'B an och e bësse Rap. Dem Trompettist säi Lidd, dat hie matbruecht huet kënnt vun Dayglow an heescht "Can I Call You Tonight".