Déi jonk Lëtzebuergerin schafft a wunnt zu Tübingen an trëtt virun allem zu Stuttgart als Stand up Comedian op. Dat ass en Handwierk, dat ee léiere kann, seet d'Sarah Diederich.
Zu Stuttgart ass keng riseg Stand up Comedy Zeen, wat awer mat sech bréngt, datt déi meescht Comedians sech ënnertenee kennen. Zu Berlin zum Beispill wier och méi Konkurrenz, zu Stuttgart dogéint ass d'Zeen éischter wéi eng kleng Famill. Wéi all Stand up Comedian denkt d'Sarah Diederich all dräi Wochen drun d'Handduch ze geheien, rappt sech dann um Rimm a mécht weider - a meeschtens lount et sech egal wéi.
D'Stand Up Comedian freet sech doriwwer, datt sech ëmmer méi Fraen trauen op d'Bün ze klammen. D'Zeen wier ëmmer nach gréisstendeels männerdominéiert, dat léich awer net drun, datt Frae manner witzeg wieren. Vläicht, esou d'Sarah Diederich, géife si sech manner trauen. Si selwer kann nëmmen dozou encouragéieren, et emol auszeprobéieren.
Si ass e Moiesmënsch, steet mueres schonn um véier Auer op, fir an de Fitness ze goen, drénkt da Kaffi an geet dann op d'Aarbecht. Fir ze entspane geet déi jonk Stand up Comedian gäre spadséieren an zockt Videospiller.
D'Sarah Diederich lauschtert gäre méi haart Musek. Hei sinn hir zwee Musektitelen, déi si um 23. Abrëll matbruecht huet.
Skillet - Legendary
Mee och Country gehéiert zu Museksrichtungen, déi hir gefalen.
Kane Brown - Different Man