Radioen

On air

Moiesstudio  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

Wat leeft op dengem Sonndeg?

100komma7.lu / Wat leeft op dengem Sonndeg?

/ Wat leeft op dengem Sonndeg, Tania Traversini?

Wat leeft op dengem Sonndeg, Tania Traversini?

headphones

19 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

De Weekend probéiert sech d'Fotografin fir hir Famill fräizehalen. Heiansdo kënnt et dann och vir, datt si vun hiren zwee Kanner d'Moiesiesse preparéiert kritt. D'Tania Traversini muss dann aus der Kiche bleiwen, bis d'Iesse prett ass.


Wa si hire perfekte Weekend kéint als Foto festhalen, wat wier dann dorobber ze gesinn?



"Meng Famill, meng Déieren, Natur, Musek, well mir gären danzen, gemittlech all zesummen am Gaart mat engem Brunch mat engem gudde Buch bei Sonneschäin."



Zanter 2019 huet sech déi fréier Spillschoulsjoffer selbststänneg gemaach. Et wier einfach de Moment dofir gewiescht, esou d'Tania Traversini. Hir géifen awer nach ganz vill aner Iddien am Kapp schlummeren. Geschwë lancéiert si hiren neie Projet Flora Your Essence. Bei Fotoshootinge mat Frae wier der Tania Traversini opgefall, datt sech der vill vun hinnen an hirem Kierper net wuel spieren.



"Si wëssen deelweis net méi, wéi si sech sollen upaken oder hu Problemer domat, sech op de Fotoen ze gesinn."



Dobäi wier jiddweree schéin, wéi en ass, seet d'Fotografin.


Déi Schéinheet vun all eenzel Famill ass dat, wat hir un hirem Beruff och esou gefält. Fir si wieren et och net einfach Clienten, esou d'Tania Traversini.



"Et ass eng Famill, déi bei mech kënnt. All Famill huet hir eege Geschicht. Heiansdo ass se méi schéin, heiansdo sinn et och traureg Geschichten."



D'Fotografin wier immens dankbar, déi Momenter, déi de Famillen an hirem Liewen esou wichteg sinn, kënne festzehalen.

Episoden

Wat leeft op dengem Sonndeg, Lola Valerius?

Wat leeft op dengem Sonndeg, Lola Valerius?

Si huet Architektur studéiert, mee scho wärend dem Studium huet si hir Léift fir Desserten an d'Handwierk entdeckt. Elo huet si hiert eegent Geschäft.
headphones

22 min

play_arrow
Wat leeft op ärem Sonndeg, Martina a Kiko Menichetti?

Wat leeft op ärem Sonndeg, Martina a Kiko Menichetti?

Si si Geschwëster, sangen, spille verschidden Instrumenter a stinn Allenzwee zanter hirer Kandheet op der Bün. Konkurrenz kenne si zwee net.
headphones

26 min

play_arrow
Wat leeft op dengem Sonndeg, Sam Flammang?

Wat leeft op dengem Sonndeg, Sam Flammang?

Säi perfekte Weekend géif de Fotograf gäre virun enger grousser Bün mat enger vu senge Liiblingsbands verbréngen - oder eleng an enger schéiner Landschaft.
headphones

26 min

play_arrow
Wat leeft op dengem Sonndeg, Narmina Pasqualoni?

Wat leeft op dengem Sonndeg, Narmina Pasqualoni?

Si huet viru Kuerzem e Buch geschriwwen, an et och selwer editéiert. Dora geet et ëm eng Mamm, déi hirer Duechter Bréiwer fir d'Zukunft schreift.
headphones

26 min

play_arrow
Wat leeft op dengem Sonndeg, Jacques Schmitz?

Wat leeft op dengem Sonndeg, Jacques Schmitz?

Zanter siwe Joer ass de Jacques Schmitz fräischaffende Kënschtler. Obwuel et deelweis vill Drock gëtt, kéint hie sech näischt anescht virstellen.
headphones

22 min

play_arrow
Wat leeft op dengem Sonndeg, Laurence Duhr?

Wat leeft op dengem Sonndeg, Laurence Duhr?

Si ass Wënzerin an Naturerliefnisbegleederin an der Ausbildung. Hir grouss Passioun sinn awer hir Clown-Optrëtter. Eng rout Nues dierf net feelen.
headphones

27 min

play_arrow
Wat leeft op dengem Sonndeg Sascha Di Giambattista?

Wat leeft op dengem Sonndeg Sascha Di Giambattista?

De fräischaffende Kënschtler huet den Ament eng Phase, an där hie ganz gären an der Nuecht schafft. Hien ass immens villsäiteg a probéiert gär nei Saachen aus.
headphones

28 min

play_arrow
Wat leeft op dengem Sonndeg, Lynn Theisen?

Wat leeft op dengem Sonndeg, Lynn Theisen?

Dat lescht Joer huet d'Fotografin, zesumme mat der Make-Up Artistin Valentina Becker en eegene Produktiounsstudio opgemaach. De Weekend tankt d'Lynn Theisen nei Kraaft.
headphones

23 min

play_arrow
Wat leeft op dengem Sonndeg, Simone Mortini?

Wat leeft op dengem Sonndeg, Simone Mortini?

D'Educatiounswëssenschaftlerin drénkt ganz gäre Kaffi. Op hirem Aarm ass esouguer eng Mokka Kan tätowéiert. Rieds geet awer iwwer Kannerbicher.
headphones

22 min

play_arrow
Wat leeft op dengem Sonndeg, Luca De Michele?

Wat leeft op dengem Sonndeg, Luca De Michele?

De Make Up Artist huet esou e spannende Beruff, datt mir ganz vergiess hunn iwwer säi Sonndeg ze schwätzen. Vläicht ass dat awer och net schlëmm.
Wat leeft op dengem Sonndeg, Jonn Häppi?

Wat leeft op dengem Sonndeg, Jonn Häppi?

De Marc Strasser begeeschtert a senger Roll vum talentéierten awer och schusselegen Jonn Happi säi Publikum. Fir an den Dag ze starte brauch hie kee Moiesiessen.
headphones

29 min

play_arrow
Wat leeft op dengem Sonndeg, Pol Belardi?

Wat leeft op dengem Sonndeg, Pol Belardi?

En typesche Sonndeg gëtt et eigentlech fir e Museker net, seet de Pol Belardi. Dofir léisst den Jazz-Museker et méindes gär gemittlech ugoen.
Wat leeft op dengem Sonndeg, Sarah Diederich?

Wat leeft op dengem Sonndeg, Sarah Diederich?

Déi jonk Lëtzebuergerin schafft a wunnt zu Tübingen a mécht do Stand up Comedy. Dat ass en Handwierk, dat ee léiere kann, seet d'Sarah Diederich.
headphones

27 min

play_arrow
Wat leeft op dengem Sonndeg, Kevin Risch?

Wat leeft op dengem Sonndeg, Kevin Risch?

Als Brebo mécht hien däitsche Rap. An dem Kevin Risch sengen Texter geet et ëm Léift, Depressiounen a Panikattacken, awer och ëm Hoffnung an de Glawen u sech selwer.
headphones

23 min

play_arrow
Wat leeft op dengem Sonndeg, Daniel Migliosi?

Wat leeft op dengem Sonndeg, Daniel Migliosi?

Den Jazz-Trompettist wunnt a studéiert zu Köln. De Weekend spillt hien dacks mol Concerten oder kënnt seng Frënn a Famill zu Lëtzebuerg besichen.
headphones

21 min

play_arrow
Wat leeft op dengem Sonndeg Natascha Bisbis?

Wat leeft op dengem Sonndeg Natascha Bisbis?

Op hirem Weekend maachen d'Natascha Bisbis an hir zwou Duechtere gäre mol e Pyjamadag. Meeschtens sinn d'Deeg fir hir Famill reservéiert.
headphones

35 min

play_arrow
Wat leeft op dengem Sonndeg, Tania Traversini?

Wat leeft op dengem Sonndeg, Tania Traversini?

De Weekend probéiert sech d'Fotografin fir hir Famill fräizehalen. Heiansdo kënnt et dann och vir, datt si vun hiren zwee Kanner d'Moiesesse preparéiert kritt.
headphones

19 min

play_arrow
Wat leeft op dengem Sonndeg, Gina Árvai?

Wat leeft op dengem Sonndeg, Gina Árvai?

D'Poetry Slammerin drénkt gär vill, mee och gudden a qualitativ héichwäertege Kaffi. Si ass begeeschtert vun deene verschiddene Goûte vun de Kaffisbounen.
headphones

27 min

play_arrow
Wat leeft op dengem Sonndeg, Michel Meis?

Wat leeft op dengem Sonndeg, Michel Meis?

De Batteur drénkt säi Kaffi gäre schwaarz. Den Ament verbréngt de Michel Meis seng Weekender mat renovéieren a spachtelen.
headphones

26 min

play_arrow
Wat leeft op dengem Sonndeg, Sandra Biewers?

Wat leeft op dengem Sonndeg, Sandra Biewers?

No dräi Kaffie kënnt si "mol a Gang", seet d'Kënschtlerin. Weekends hëlt si sech gären Zäit fir sech, geet an d'Sauna oder trëfft sech mat Frënn.
headphones

29 min

play_arrow