Méindes ass dem Pol Belardi säi Sonndeg. Et ass deen Dag, op deem hie sech eigentlech näischt virhëlt. Nieft senge sëllege Projeten - dorënner Pol Belardi's Force, Pol Belardi's Urban Voyage, Teleport, Afrobeathoven, Fumage, .klein an elo ganz frësch Pol Belardi's Solo - ass et net ëmmer liicht Zäit fir sech selwer ze fannen.
Fir ofzeschalten an ze entspanen, geet de Pol Belardi gäre fëschen an do ass dat Wichtegst: d'Rou. En aneren Hobby sinn d'Oldtimer a wann hie sech misst tëscht Biergr oder Plage decidéieren, géif hien en Tour mam Oldtimer duerch d'Bierger maachen - an zwar ouni Musek.
Hien drénkt säi Kaffi schwaarz, do gëtt och näischt dra gezappt "dat ass en "No go". Dobäi eng Schockelasrull oder e Fairtrade Croissant mat Schockela.
Seng Musektitele fir de Weekend:
Kurt Rosenwinkel - Just Chillin
Henry Mancini - Theme from Mister Lucky
Alan Hampton - Every Living Part