De Fotograf a Videoproduzent verbréngt de Weekend gäre mat Podcasts oder Hörbicher. Den Ament lauschtert hien d'Serie "Tintenherz" vun der Schrëftstellerin Cornelia Funke. Selwer ass hie Germanist a schreift gären Texter. Mee déi sinn éischter fir hie selwer geduecht.
De Sam Flammang ass staarke Verfechter vu benevoller Aarbecht a Supporter fir déi national Musekszeen. Allerdéngs steet hie mat senger Kamera am Léifste virun der Bün an net drop. Béis Zonge géife behaapten, hie kéint keng Musek maachen, laacht de Sam Flammang. Dofir géif hie léiwer Momentopname festhalen an d'Musek genéissen. Hie géif jonke Leit, déi gäre Fotoe maachen, roden, einfach unzefänken an net ze laang doriwwer nozedenken, ob elo eppes gutt genuch oder net ass.
Viru Kuerzem war hie mam Christophe Reitz a sengem Projet All Reitz Reserved an Island ënnerwee. Hie huet awer och scho mat villen aneren nationale Bands zesummegeschafft, ënner anerem mat Zero Point Five, Pol Belardi's Force, ROME oder Mutiny on the Bounty.