Mat Kaffi huet de Marc Strasser opgehalen. Vill léiwer drénkt hie gréngen Téi. Seng Showen als Jonn Häppi sinn deels geplangt, mee well net all Publikum wéi dat anert ass, improviséiert hien och dacks.
Seng eege Kanner si seng gréisste Kritiker. Wa si de Kapp rësselen, dann ass hien um richtege Wee. De Marc Strasser weess, datt e Witz funktionéiert, wa si laachen. Mee wann nach eppes net klappt, soe si him dat direkt an da gëtt nach dru gefeilt.
D'Figur vum Jonn Häppi huet sech lues a lues entwéckelt. Am Ufank hat hien zesumme mat engem Kolleg en Duo, dee sech dann opgeléist huet. De Marc Strasser wollt awer net ophalen op der Bühn ze stoen. "Ech ka villes awer näischt perfekt," a genee dat mécht och den Jonn Häppi mat senger "komescher" Magie aus. Och wann hie mol en Trick op der Bühn "versemmelt" fënnt de Marc Strasser ëmmer e Wee do eraus.
Mat senger Asbl "Maach keen Zirkus" bréngt hie Kanner a Jugendlechen d'Technike vun der Zirkuskonscht bäi. Dat soll ëmmer ouni Stress a mat ganz vill Spaass sinn. "Et däerf och emol dernieft goen."
Dem Marc Strasser seng Musek:
Eddie Vedder - Society
Sinai Vesser - A must while so near