D'Martina schafft an der Philharmonie als Musekvermëttlerin fir Kanner, Jugendlecher an Erwuessener. Berufflech a privat beschäftegt si sech mat Musek, fënnt awer och am Sport en Ausgläich. Dat lescht Joer huet si mat hirer Band Authentica déi éischt Concerte gespillt. Si mécht World, Folk a keltesch Musek. "Et ass e Genre Musek, an deem ech ëmmer schonn emol wollt Musek maachen," seet d'Martina Menichetti. Et géif och drëm goen, déi Lëtzebuerger Volleksmusek nei ze arrangéieren a flott opzebereeden, esou datt ee se an der ganzer Welt kéint presentéieren.
Déi Lëtzebuerger Musek verbënnt déi zwee Geschwëster, well och de Kiko Menichetti spillt mat senger Band Zero Point Five, och am Ausland, dacks Lëtzebuerger Lidder, wéi zum Beispill "De Schmadd".
Dem Kiko seng Band huet sech viru 14 Joer als Schoulband gegrënnt. Zanterhier hu si sech e gutt Netzwierk opgebaut. Als jonk Band géif een heiansdo op Persounen treffen, déi et net esou gutt mat engem mengen a probéieren d'Onerfuerent auszenotzen. Mëttlerweil wéisste si als Band, wiem ee vertraue kéint. Musikalesch gesi géife si sech ëmmer nach weiderentwéckelen, seet de Kiko Menichetti. "Et gëtt ëmmer en nächst Zil".
Wann hien u seng Sonndeger als Kand zeréckdenkt, héiert hien ëmmer nach senger Schwëster hiert Üben um Piano mueres fréi. "Ech si mir sécher, datt wann hatt elo ee Lidd géif spille vu virun 20 Joer, kéint ech mech genee un d'Melodie erënneren."
D'Martina Menichetti erënnert sech un de gemeinsame Solfège mat hirem Brudder, a wéi si zesumme geléiert hunn, wat d'Geheimnisser vun der Musekstheorie sinn. Si géif sech wënschen, datt de Solfège méi mam jeeweilegen Instrument oder mam fräie Musek-maache géif connectéiert ginn, an et net just esou akademesch bäibruecht géif ginn.
D'Martina Menichetti lauschtert sonndes gäre Maroon 5:
De Kiko Menichetti huet sech fir den Johnny Cash um Sonndegmueren decidéiert: