De Weekend ass do fir nei Kraaft ze tanken, seet d'Fotografin. Dofir wier de Studio, dee si dat lescht Joer mat der Make-Up Artistin Valentina Becker opgemaach huet, zou an de berufflechen Telefon wier och ausgeschalt. Kaffi drénkt d'Lynn Theisen keen "Nach ni. Ech si vun Natur aus schonn opgeputscht a verdroen dat och net," esou d'Fotografin. Dofir huet si gären Téizeremonien, well een do méi zur Rou géif kommen.
Wa si eng Foto vun hirem ideale Weekend misst fotograféieren, wier dorop virun allem Sonn a Plage ze gesinn. "Fir mech ass all Ideal ëmmer eng Südpazifikinsel. Wann ech schnippe kéint, géif ech mech direkt dohinner zauberen." Fir e bëssen zur Rou ze kommen, moolt d'Lynn Theisen ganz gäre Mandalaen aus, well et eng meditativ Aufgab wier.
Musek leeft bei der Fotografin Lynn Theisen meeschtens am Hannergrond. Dacks ass dat Musek déi berouegt, well si selwer eng opgedréinte Persoun wier. "Dat éischt, wat ech soen, wann ech heem kommen ass: 'Alexa spill Jazz'."