D'Educatiounswëssenschaftlerin drénkt ganz gäre Kaffi. Op hirem Aarm ass esouguer eng Mokka Kan tätowéiert. D'Simone Mortini schwätzt allerdéngs net iwwer Kaffi oder Tattooen, mee iwwer hiren Häerzensprojet, de Bookathon.
Bannent 24 Stonnen schreiwen, illustréieren a gestalten 30 Jugendlech zéng Kannerbicher. Inspiréiert huet sech d'Simone Mortini, déi fir de Service national de la jeunesse schafft, um Book Dash aus Südafrika. Den Ënnerscheed ass, datt d'Kannerbicher net vu Professionellen, mee vu Jugendleche gemaach ginn. Bis den 1. September kënne Jugendlecher am Alter tëschent 14 an 20 Joer eng Kannergeschicht, eng Illustratioun oder e Buch-Cover un den SNJ schécken, fir um Bookathon deelzehuelen.
Fir hir Dokteraarbecht huet si iwwer Kanner an engem multilinguale Kontext gefuerscht, déi mateneen interagéieren an ënnerteneen d'Sprooche wiesselen (translanguaging).
Dat perséinlecht Liiblingskannerbuch vun der Educatiounswëssenschaftlerin Simone Mortini ass "Life Doesn't Frighten Me" vun der US-Amerikanescher Schrëftstellerin Maya Angelou. Dat Spannend un dësem Gedicht ass, datt et esouwuel fir Kanner, wéi och fir Erwuessener ass. Dacks wier et nämlech esou, datt een dat Geschriwwent als Erwuessenen nach emol mat ganz aneren Ae gesäit. Et geet am Gedicht vun der Maya Angelou dorëms, datt am Liewen ëmmer nees Saache geschéien, déi net esou schéi sinn, mee datt een trotzdeem u sech gleewe soll.
E Buch, dat d'Simone Mortini nach géif recommandéieren, ass "Das Patriarchat der Dinge" vun der Schrëftstellerin Rebekka Endler. Heibäi geet et drëms, datt d'Welt eigentlech net fir Fraen, mee vu Männer fir Männer gestalt gouf.