De Batteur drénkt säi Kaffi gäre schwaarz. Den Ament verbréngt de Michel Meis seng Weekender mat renovéieren a spachtelen.Well hien an der Woch vill mam Auto ënnerwee ass genéisst hien et, sonndes déi Saachen ze maachen, déi an der Woch leie bliwwe sinn.
Nach haut ass de Michel Meis fir Concerten ëmmer e bësselchen nervös. Hie versicht seng Batterie schonn den Owend virdrun an der Mall ze hunn, gesond ze iessen a genuch ze drénken. Heiansdo vergësst hien dat a kritt da Kappwéi. Mee wann hien da bis op der Bün steet, mécht hie Musek mat grousser Passioun a Motivatioun.